Nodeems mir 2 Joer eis Guiden- a Scoutskiermes net wéi traditionell op Nationalfeierdag bei eisem Chalet zu Butschebuerg feiere konnten, si mir zouversiichtlech dëst Joer erëm eng Guiden- a Scoutskiermes bei eisem Chalet kënnen ze organiséieren.

Iech erwaart Animatioun fir Grouss a Kleng, e Spillparcours fir eis jonk Gäscht, gutt Musek a gutt Laun. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Haalt Iech dofir den 23. Juni scho fräi. Weider Informatioune kommen no!

Webmaster LGS St Jean Diddeleng