Et ass erëm esou wäit. No der ganz laanger Summervakanz, fänkt dat neit Guiden- a Scoutsjoer endlech erëm un! Mir wëllen Iech domat da ganz ganz häerzlech op eis Rentréesversammlung de 16. September 2023 vu 14 bis 17 Auer bei eisem Chalet zu Butschebuerg invitéieren. Mir freeën eis Iech alleguer erëmzegesinn an natierlech heesche mir och jidderee wëllkomm, deen nach net bei eis war, a luusse wëll wat bei de Scouten alles gemaach gëtt.

Wann dir nach Froen hutt, da schreift eis einfach eng Mail, oder schreift eis op Facebook/Instagram.

Webmaster LGS St Jean Diddeleng