Zil vun den Odyssee Projeten ass et, Jonken den Abléck an eng aner Liewensaart a Weis ze ginn, wi di eegen. Duerch dës eenzegaarteg Form vun direktem Austausch kréien di Jonk aus zwou Kulturen d’Méiglec
Finanzéiert ginn d’Chantieren duerch Spenden a Finanzaktioune wéi z.B. Grille viru Geschäfter a Benefiziessen, wu all Jonken, dee mat geet, aktiv dru bedeelegt ass. Di eege Rees an den Openthalt am respektive Land bezilt all Jonke selwer.
1988 huet déi national RaRo Ekipp deen éischte Camp zu Mboro am Senegal organiséiert. 2001 kruten d’Projeten den Numm „ODYSSEE“. All 3-4 Joer ginn déi Jonk am Alter vu 17 bis 23 Joer op Campen am Ausland. Déi Jonk ginn iwwert e Joer intensiv op dës Projete virbereed an an d’Organisatioun aktiv mat agebonnen.
(Text vun lgs.lu)
Wou zitt et eis RaRo dëst Joer hin?
Déi Diddelenger RaRo sinn a 4 verschiddenen Odyssee-Länner ënnerwee.
Mat dobäi sinn Brasilien, de Senegal, Georgien an d’Philipinnen.