E gutt Encadrement

Frëndschaft

Adventure

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn dee gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer ze iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Benevolen de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

 

 

 

 

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren a sech perséinlech weiderentwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenken, fir sech spéider aktiv, fir sech a fir anerer kënnen anzesetzen.